Mir sinn d'Rout Léiwen Amsterdam (RLA), de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Amsterdam.
Den RLA ass nach ee ganz neie Comité dee réischt am Summer 2022 gegrënnt gouf nodeems de Cercle vun de Studenten aus Holland gespléckt gouf.
Eist Zil ass et, d’Studenten esou gutt wéi méglech z’encadréieren, z’ënnerstëtzen an z’informéieren. Sou garantéiere mir hinnen ee gudde Start an hiert neit Studenteliewen a suergen dofir, dass si sech zu Amsterdam wuel fillen.
Wärend dem Schouljoer organiséiere mir och reegelméisseg Eventer (z.B. Fräibéier, Bowlingowend, Bootstouren, …) fir eis Studenten zesummenzebréngen. Eise Comité hëllt och u gréisseren Eventer deel, wéi dem Studentebal, dem Tournoi de Noël, der Studentefoire a Student fir 1 Dag.