Transport

Vue dass een als net-Hollänner de volle Tarif muss bezuelen ass den öffentlechen Transport an Holland zimlech deier. Déi meescht Studenten fueren mam Velo a machen sech eng normal OV Chipkaart wou ee sech kann regelméiseg Kredit roplueden falls een eng kéier den öffentlechen Transport notzen mussen.


Fir vu Lëtzebuerg op Amsterdam ze kommen sin et ongefeier 400km. Du hues 5 Méiglechkeeten:

1) Du frees an der LSNL Carpooling Grupp no ob ee dech kann mathuelen.

2) Du hells däin eegene Auto. Dofir brauchst du 4h00-5h00.

3) Du hells den Zuch mat Zweschenstopp zu Bréissel. Dofir brauchs du 5h30-6h30. D'Präiser vu den Ticketen variéieren zimlech.

4) Du hells den Flixbus. Dofir brauchs du 6h00-7h00. Dëst ass zimlech belleg.

5) Du hells den Flieger a flitts mam Direktvol vun der KLM. Dofir brauchs du 1h00. Dëst ass zimlech deier a gëtt och net vun eis recommandéiert.