Studenteliewen

Amsterdam ass eng roueg an oppen Stad wou ee sech direkt séier wuel fillt a wou net vill Stress herrscht. D'Gréisst vu der Stad erlaabt engem och alles mam Vëlo oder ze Fouss ze maachen. Et wäert engem och ganz séier opfalen dass d'Amsterdamer hier Zäit gären dobausse verbréngen, ob dat op enger Terrasse ass, virun der eegener Hausdier oder am Park.

Zu Amsterdam huet een och d'Chance dass ee Leit vun iwwerall kenne léiert well do extrem vill international Studente wunnen. Dobäi kennt awer och dass een duerch déi reegelméisseg Eventer vu eisem Comité och a Kontakt mat de lëtzebuergesche Studente kennt.

Ee grousse Pluspunkt ass d'Flexibilitéit bei der Zäitopdeelung vu senge Coursen op der Uni well ee manner Stonne Cours huet wéi an anere Länner.