FAQ

Wéi ass ee Schouljoer opgebaut?

Dat wichtegst wat ee wessen muss ass dass ee méi Perioden am Joer huet wéi an aneren Länner. Déi meescht Uni'en hunn 6 Perioden an déi meescht Héichschoulen 4 Perioden pro Joer. Fir dass du dir dat besser virstellen kanns, fnns du am Deel "Universitéiten" Stonnepläng.

Wat sinn d'Virdeeler vun méi Perioden?

  • Et huet een manner Cours'en zur nämmlechter Zäit an et kann een sech dofir besser op een spezifesche Sujet konzentréieren.

  • Et huet een manner Examen beieneen an dofir kann een sech besser op een spezifesche Examen konzentréieren.

  • Et huet een wéineg Chance fir ze prokrastinéieren well deen nächsten Examen ass ni wäit fort.

Wat sinn d'Nodeeler vun méi Perioden?

  • Haaptsächlech Uni'en hunn wéineg fräi Perioden am Verglach zu aneren Länner well soubal eng Period eriwwer ass fänkt déi nächst Period schonn un. Wärend dem Joer huet een am Wanter 2 Wochen an am Mee 1 Woch Vakanz. Am Summer huet een 8 Woche Vakanz.

  • Wann een d'Wantervakanz ausschléisst dann huet een minimum all 8 Wochen Examen wat fir verschidden Leit stresseg kann ginn. Wann ee Midterms huet dann kann een souguer all 4 Wochen Examen hun. Dëst ass oft bei Bachelor Programmer op der Eco & Business Fakultéit de Fall.


Schaffen d'Universitéiten zu Amsterdam och mam Prinzip vum numerus clausus?

Prinzipiell net, verschidde Studiegäng hunn awer heinansdo separat entry requirements fir verschidde Fächer (z.B.: eng gewëssen Note am Engleschen, et muss ee Mathe am 1e-Examen huelen,...). Dëst ass zb den Fall bei "Psychology" op der UvA.


Wat ass de BSA?

Den BSA, Binding Study Advice, läit meeschtens zweschend 40ECTS an 50ECTS, ofhängeg vun Uni an Studium. Den BSA gëtt fir wéivill ECTS, European Credits, en Student an deem éischten Joer muss kréien fir an dat 2. Joer zougelooss ze ginn. Op deenen meeschten Uni'en ass et esou dass en Student deen den BSA knapps net erfëllt säin Bachelor op där Uni fir eng Rei Joer net nach eng Kéier dierf ufänken, en aneren Bachelor ass awer erlaabt. Falls en Student den BSA wäit net erfëllt kann en souguer vun der Uni verwisen ginn an dierf iwwerhaapt keen aneren Bachelor méi op där Uni ufänken.


Gëtt mäin Droit Studium vu Amsterdam zu Lëtzebuerg unerkannt?

De Bachelor am Droit zu Amstedam, a generell an Holland, gëtt zu Lëtzebuerg net unerkannt! Mir recommandéieren dofir de Leit hire Bachelor am Droit a Frankreich oder zu Lëtzebuerg ze maachen an da just fir hire Master op Amsterdam ze kommen!

Wann een trotzdeem eppes am Beräich vum Droit leiere well, mais kee Law Degree well, ginn et zwou Optiounen: 1) Et mëscht een de Bachelor a "PPLE" mat der "Specialisation Law" op der UvA; 2) Et mëscht een de Bachelor a "Law in Society" op der VU.


Kann ech Biologie/Chemie/Physik/Medezin zu Amsterdam studéieren?

Zu Amsterdam sinn d’Méiglechkeete fir dës Fächer op Englesch ze studéieren nach zimmlech limitéiert mais d’Universitéite ginn sech Méi sech un déi grouss Demande unzepassen.

D’VU bitt de Studiegang “Biomedical Sciences” un. Fir Leit déi generell un de Sciencen interesséiert si kann een um AUC de Major “Sciences” wielen.


Kann ech zu Amsterdam Englesch studéieren oder muss ech dofir an England goen?

De Studiegang fir Englesch gëtt zu Amsterdam ëmmer méi beléift. Dëst ass engersäits duerch de Brexit an déi héich Käschten an England, awer anerersäits och well d’Qualitéit vun dësem Studiegang zu Amsterdam extrem gutt ass.

Et si vill Leit déi sech fir “English Language and Culture” entscheeden. Et gëtt awer och nach “Literature and Society” (VU) a “Literary and Cultural Analysis” (UvA).

Muss ech mech op der Gemeng umellen?

Jo, wanns du méi laang ewéi 4 Méint an Holland wunns, muss du dech an enger Basisregistréierungsdate-bank („Basisregistratie Personen“ oder BPR) an der Gemeng, wou's du wunns, androe loossen. Dëst kanns du ganz einfach mat denger Carte d’identité oder dengem Pass maachen. Du kriss dann och eng Burger Service Nummber (BSN) waat sougesinn déi hollänesch Sozialnummer ass. Des BSN Nummer bräuchs du zum Beispill wanns du schaffen wells oder en holläneschen Bankkonto wells opmaachen.


Brauch ech ee DigiD?

Den DigiD ass sou eppes wéi de Luxtrust zu Lëtzebuerg. Vill Studente kommen am Ufank ouni een DigiD aus, mais iergendwann brauch een et trotzdeem fir eppes, wéi zum Beispill d'Ufroe vun engem parking permit, Opmaache vun engem Bankkonto, Details vu Rechnungen,... . Et kascht näischt et ze hunn dofir recommandéiere mir dass all Student sech ee mëscht soubal en seng BSN huet.


Brauch ech eng hollännesch Handysnummer oder en hollännesche Bankkonto?

Prinzipiell brauch ee keng hollännesch Handysnummer. Verschidden Entreprisen, Fitness-Centeren, etc. verlaangen heiansdo awer eng hollännesch Handysnummer, mais och do ginn nach Ausname gemaach.

Een hollännesche Bankkonto gëtt éischter ugeroden, well een seng Chargen (Wifi, Gas,...) oder de kale Loyer ganz oft just mat engem hollännesche Bankkonto duerf bezuelen. Hei ass et ganz wichteg dass dir iech e student bank account a kee normalen account.

Wann's du an Holland wëlls schaffen da brauchs du normalerweis béides.


Brauch ech eng hollännesch Krankeversecherung?

Wanns du just an Holland studéiers dann bräuchs du keng extra Krankenversecherung. An desem Fall geet déi Lëtzebuergesch/Europäesch Krankenversecherung duer. Dest ännert awer wanns du an Holland wells schaffen.


Wou parken ech mäin Auto op laang Zäit?

Wann's du däin Auto wëlls mat op Amsterdam huelen, an däi student housing oder deng Residenz bidde kee private Parking un, rode mir dir un ee parking permit ("parkeervergunning") ze huelen. Dëst kascht normalerweis 130-160€ pro 6 Méint. De Präis ass ofhängeg vu dengem Quartier. An de Quartiere méi no vum Zentrum sinn extrem laang Waardelëschten dofir muss een do frei u sinn.