Umeldung op der Uni

Generell Informatiounen zur Umeldung

    • Als éischt muss ee sech via Studielink umelle befier een sech iwwert d’Uni kann umellen

    • Tuition fees pro Joer: €2,209

      • Ausnamen fir UvA: "Liberal Arts and Sciences" (AUC): €4,610 & "PPLE": €4,418

      • Wann’s du en first-year student bass dee virdruner nach ni studéiert huet muss du am 1. Joer just d’Halschent bezuelen

    • Deadlines: 1. Mee (Wann een Uni-housing brauch, dann ass d'recommended deadline den 1. Abrëll. Vue déi aktuell Situatioun vum Wunnengsmarché ass dëst déi bescht Optioun.)

      • Ausnamen fir UvA: "Business Administration" &"Psychology": 15. Januar & "Liberal Arts and Sciences" (AUC) & "PPLE": 1. Februar

      • Ausnamen fir VU: "Psychology": 15. Januar


Entry requirements

    • Numerus fixus programmes (z.B. mat mat entry oder selection exams)

      • UvA: "Psychology" (600 frei Platzen) & "Business Administration"

      • VU: "Psychology"

    • Selective programmes (déi Programmer hun eng gewësse selection procedure)

      • UvA: "PPLE" & "Liberal Arts and Sciences"

    • Prior education

      • "Diplôme de fin d’études secondaires (classiques or générales/technique)"

      • D'Uni well och ëmmer deng läscht Zensure gesinn. Vue dass déi op Franséisch si muss een déi iwwersetze loossen. Dëst kann deier gi wann et muss vun engem offizielle sworn translater iwwersat ginn.

    • Language proficiency

      • UvA: Am Normalfall brauch ee keen Englesch Test ze maachen. Et ass awer méi secher nozefroen.

      • VU: Oft ass een Englesch Test gefroot (z.B.: IELTS, TOEFL,...). Mell dech frei genuch un fir dësen Test a sief dir bewosst dass déi 200-300€ kaschten.