Wunnengen

De Wunnengsmaart zu Amsterdam gëtt leider all Joer méi schlëmm wat d'Wunnengssich däitlech méi schwéier mëscht. Niewent dem Fakt dass déi meescht keng auslännesch Studenten unhuele kommen och nach déi héich Präisser dobäi. Zum Beispill muss ee fir ee 'normaalt' Zëmmer an enger WG innerhalb vum Ring mëttlerweil mat 800-1,200€ (Chargen inclus) de Mount rechnen.


Et huet ee prinzipiell 8 Méiglechkeeten fir eng Wunneng ze fannen:


1) Du kriss eng Wunneng/en Zëmmer vun der Uni:

+ Ass normalerweis bëlleg

+ Wunnengen/Zëmmeren sinn normalerweis net knaschteg

- Du muss sou schnell wéi méiglech ageschriwwen sinn an dat ufroen fir eng Chance ze hunn

- Du kanns meeschtens net eraus sichen waat's de gären häss

- Däin Kontrakt leeft just fir een Joer, duerno muss de erauszéien


2) Du kriss eng Studentekummer via Student Experience, The Student Hotel, Our Campus, This is our Domain:

+ Propper Wunnengen/Zëmmeren

- Ass zimlech deier

- Du muss sou schnell wéi méiglech ageschriwwen sinn an dat ufroen fir eng Chance ze hunn


3) Du fënns eng Wunneng an eiser Facebook Grupp:

+ Meeschtens mat aaneren Lëtzebuerger

+ Kontrakter kënnen sou laang wéi den Bachelor lafen

- Wunnéngen sin oft méi deier


4) Du fënns eng Wunneng an enger ëffentlecher Facebook Grupp:

-> Amsterdam Apartements 4 Rent, Amsterdam Apartements 4 Rent Group, Amsterdam rent a room, apartement or studio, etc

+ Verschidden Präisser

+ Heinsto leeft et iwwert Privatleit, do bléiwen engem dann déi administrativ Sachen mat enger Agence erspuert

- Et sin oft fake Annoncen derbäi waat d'Sich méi schwéier mecht

- Wann d'Wunneng vun enger Agence ass dann kennen mol Agency Fees derbäi kommen


5) Du fënns eppes eleng via Kamernet, Kamer, Funda, Pararius, Huurwoningen:

+ Verschidden Präisser

+ Kontrakter kënnen sou laang wéi den Bachelor lafen

- Wann d'Wunneng vun enger Agence ass dann kennen mol Agency Fees derbäi kommen


6) Du mells dech op Room oder Studentenwoningweb un:

+ Bëlleg an propper Wunnengen/Zëmmeren

- Kascht Aschreiwungsfraisen

- Dauert 1-2 Joer bis de eng Wunneng kriss


7) Du engagéiers eng Agence déi eng Wunneng fir dech sicht:

+ Manner Stress an Arbecht fir dech well et engem méi eng grouss Secherheet gëtt eppes ze fannen

- Dëst kann ganz séier zimlech deier ginn


8) Als éischt eng Wunneng vun 1) oder 2) kréien an dann no engem Joer eng Wunneng duerch 3) oder 4) oder 5) oder 6) fannen:

+ Du kanns dech als éischt een Joer zu Amsterdam aliewen

+ Du brauchs dech net direkt em eng Wunneng ze këmmeren mee kanns dat maachen wann's de bis zu Amsterdam liefs

- Du muss no engem Joer ëmzéien