Sport

Ween nierwend séngem Studium sénger aler Sportart wëll nogoen oder nei Sportarten wëll entdecken, ass op béiden Uni'en beschtens encadréiert! Béid Uni'en,  d'Universiteit van Amsterdam an d'Vrije Universiteit, hun jeweileg een Haapt-Sportcentrum. Donieft huet d'VU nach een Fitness op der Uni an d'UvA huet nach 5 méi kleng Centren verdeelt duerch Amsterdam.

Als Cercle sin mir natierlech och aktiv, mir mussen deenen aneren Cerclen jo weisen wou den Hummer hänkt. Dofir hun mir eng Equipe an der Futsal Competitioun vum USC an treffen eis reegelméisseg fir recreativ Fussball, Basketball an Volleyball ze spillen.

Fussball

Béid Uni'en bidden just Futsal un, keen Fussball. Ween Fussball spillen wëll, muss sech leider selwer een Club sichen zu Amsterdam, mee keng Angscht, et gin der genuch.

Am Futsal hun mir eis eegen Equipe an spillen op engem héigen Niveau an der Competitioun am USC mat. Mell dech an eiser Futsal WhatsApp Grupp wann's du interesséiert bass matzespillen.

https://www.rla-info.com/sport/futsal

Fir den Futsal muss een sech een extra Abo kafen fir 80€ pro Joer (50€ pro Semester). Den USC Passe-Partout gëllt fir dësen Sport leider net.

Wann den Match net ze spéit ass, knuppen mir duerno och mol nach en puer Humpen am Oerknal, dem Café vum USC.

https://www.uscsport.nl/en/sports/futsal/

Wann den USC dir ze wäit eweg läit, kanns du natierlech och op der VU Futsal spillen. Fëll einfach d'Form äus op hirere Websäit, an sie kucken eng Equipe fir dech ze fannen.

https://sportcentrumvu.nl/en/sporten/ball-sports-amsterdam/futsal-amsterdam

Basketball

Beim USC kann een mam USC Passe-Partout recreativ matspillen wéi bei deenen aneren Sportarten.

https://www.uscsport.nl/en/sports/basketball/

Ween competitive wëll spillen kann sech beim BC Schrobbelar mellen.

https://bcschrobbelaar.nl/

Och op der VU kann een recreativ Basketball spillen. Heifir muss een sech allerdéngs een extra Abo zouleeën.

Eng competitiv Optioun gëtt et leider net.

https://sportcentrumvu.nl/en/sporten/ball-sports-amsterdam/basketball-amsterdam

Volleyball

Beim USC kann een souwuel recreativ ewéi och competitiv Volleyball spillen. Béides gëtt vun UvO organiséiert dem Volleyball Club vun der UvA.

https://www.uvo-amsterdam.nl/nrecr

Nierwend dem sportlechen Deel organiséiert UvO och nach läuter aner Aktivitéiten sou wéi een Introweekend, Skivakanz an Beachvolleyball.

https://www.uvo-amsterdam.nl/

Op der VU kann een zwar keen recreativen Volleyball spillen, competitiv ass dëst awer nämlecht ewéi beim USC. Och op der VU gëtt den Volleyball vun engem Club organiséiert, nämlech dem SVU. An och den SVU organiséiert d'Joer duerch läuter aner Aktivitéiten ewéi een Introweekend, eng Skivakanz an och Beachvolleyball.

https://www.svuvolleybal.nl/